LR Mobile

Lightroom Mobile
Cours iwert Lightroom Mobile, daat heescht déi Versioun déi um Handy, Tablet an online leeft. Mir kucken eis och kuerz Lightroom CC (Desktop Versioun vun LR Mobile) un.
Den Cours leeft Online iwert Zoom. Jeweils vun 18:00 - 20:00
Weini:
Denstes den 12.09: Déi verschidden Programmer, Upload, Löschen, Sammlungen....
an
Denstes den 19.09.: D'Lightroom Mobile APP am Detail:
Import direkt um Handy oder vun enger normaler Camera iwert USB oder WIFI
Autoimport vun Handyfotoen
Verschaffen (Ech weisen wou d'Funktiounen an der App ze fannen sin an waat bei der Handyversioun extra ass, erklären se awer net all eenzel well se genau d'selwegt funktionnéieren wéi bei Lightroom Classic)
Masken
Schaffen mat Presets
Import vun eegenen Presets
Erstellen vun automateschen Upassungen fir d'Fotoen
Synchroniséieren
Exportéieren
Preis: 100€ fir déi 2 Owender
Weider Infos an Unmeldung iwert E-Mail direkt bei mir: info@georgesnoesen.eu